Skip to main content

Im Rahmen des 30-jährigen Jubiläums von Réseau Psy im Jahr 2018 wurde ein Friendshipmosaik mit Diane Jodes und dem Malatelier, das damals noch in einem Raum der Kulturfabrik stattfand, erstellt.

Interview von 2018 aus dem Leitfaden zur Ausstellung im Rahmen des Jubiläums, das Psy Network in der Kulturfabrik gefeiert hat.

Kënnt dir den Projet kuerz virstellen an wéi et dozou komm ass?

D’Iddi war eppes ze kreéieren fir den 30. Gebuertsdag vun Réseau Psy. Meng Virstellung war eng Gemeinschaftsaarbecht, am Platz dat jiddereen eppes Individuelles mëscht. All Persoun sollt en Deel vun engem Ganzen sinn.

Ass en Thema do? Wien konnt alles matmaachen?

Doduerch dat et eng Gemeinschaftsaarbecht sollt ginn sinn mir spontan déi sougenannten „friendship quilts“ vun fréier agefall. An der Zäit goufen Frëndschaftsteppecher gemaach, d.h. d’Leit sinn zesummen komm a jiddereen konnt mat engem Stéck Stoff säin Deel dozou bäidroen. Sou ass d’Iddi vun engem Wandteppech entstanen. Jiddereen den wollt matmaachen krut e klengt Stéck Stoff a konnt dunn eppes dropmolen. Et sin vill Flott Resultater dobäi eraus komm, mol méi traureg an eescht Themen awer och ganz lieweg Saachen. Di eenzel Biller sinn dann zum Schluss zu engem risegen Teppech zesummegebitzt ginn.

Wéi laang schafft dir scho beim „Réseau Psy an wat ass är Motivatioun?

Ech schaffen zanter 2008 beim „Réseau Psy“. Ech kommen 1mol d’Woch an den Molatelier an sin fir d’Leit do wann si Rotschléi brauchen bei hiren kreativen Aarbechten. Ech loossen si fräi molen, mais wann de besoin do ass, sinn ech do fir Tipps an Tricks ze ginn.
Meng Motivatioun ass dass ech gären mat Leit zesummen schaffen, net nëmmen eleng. Ech ginn ganz vill Molcoursen an bedeelen mech ëmmer un verschiddenen Projeten. Et ass interessant mat ënnerschiddlechen Leit eppes ze kréeiren. Vun Viruerteeler an Stigmatisatioun halen ech näischt. Meng Erfarung weist mir dat et oft méi schwéier ass mat den sougenannten „normalen“ Leit ze schaffen.
Mir sinn en dynameschen Grupp an hunn hei an der Kulturfabrik e flotten Kader fir kreativ ze sinn.