Podcasts “ Stëmmen aus der Psychiatrie “ auf Radio ARA
(Frequenz 102,9 und 105,2)
www.ara.lu
Sendung “ Bistro “ mit Frau Céline
Méindes bis Freides 17:00 à 18:30 Auer
D’Podcasten ginn diffuséiert an der Bistro’s Sendung (17.00 – 18.30 Auer) op Radio ARA, an dat vu Méindes bis Freides (10ten bis den 14ten Oktober) tëschent 17.30 an 18.00 Auer.
Podcasten zesummegestallt an Zesummenaarbecht vu Réseau Psy-Psychesch Hëllef Dobaussen mat der Ligue d’Hygiène Mentale an Liewen Dobaussen am Kader vun der Semaine de la Santé Mentale 2022. Natierlech soen mir dem Radio ARA Merci fir dass si dësen Projet erméiglecht hun. Matgehollef hunn betraffen Léit mat hiren Temoignagen. Ziel war et e bëssen iwwer d’psychesch Krankheeten ze informéieren an ze sensibiliséieren, virun allem betraffen Léit zu Wuert kommen ze loossen domat si eis kënnen zielen wéi si et erlieft hunn. Merci Iech fir är spontan Bereedschafft är Erfarung matzedeelen an aneren Léit och Hoffnung a Courage ze maachen. Donieft gëtt et verschidden Informatiounen iwwert Strukturen déi am Beräich vun der Sozialpsychiatrie schaffen oder der psychescher Hëllef. Eng Mëschung aus Interviewen iwwert verschidde Servicer, Temoignagen, Musek a Poesie an Texter vun betraffenen Léit.
Podcaste lauschteren