Ausarbeitung des „Petit Bestiaire“ aus 4 witzigen Kurzgeschichten bestehend (2021).
Am Summer 2021 hunn ech mech mam Philippe, Pedro, Yannick an Daniel e puermol am Espace Garage vun der Maison Dicks
getraff, fir un Texter ze schaffen. A well ee sech net zevill soll virhuelen, fir zum Schluss vun enger dach begrenzter Zäit en anstännegt, literaresch uspriechend Resultat ze kréien, dat jiddwereen zefriddestellt, si mer fir d’éischt emol e wéineg duerch de Quartier Brill getrëppelt an hunn ‘Feldbeobachtung’ bedriwwen, dat heescht Andréck gesammelt – sou wéi e Villerchersbeobachter mat der Spektiv duerch d’Natur sträift, fir sech e Bild vu Flora a Fauna ze verschafen.
Jiddweree vun eis hat säin Notizheft dobäi an huet dat, wat him opgefall ass, a kuerze Stéchwierder notéiert. Inspiratioun brauch heiansdo (meeschtens) eng konkret Grondlag. Sou konnte mir Mënschen an hire Verkleedungen a Masken, matgelauschtert Gespréicher, Haiserfassaden a schlechtem Zoustand, Kreemchen a Gebraddels, eidel Geschäfter, Dreck op der Strooss, Spréch un de Maueren, Kanner, déi spillen, eeler Leit um Wee heem oder op
hirem Balkon, Hausdéieren un der Léngt oder och net, Fuerwen a Geräischer a Gestank, Freed a Leed, Luucht an Däischtert … an eisen Notizhefter fixéieren.
Op Basis vun deem Material hu mer dunn ugefaangen, eis Geschichten ze schreiwen, a relativ schnell festgestallt, datt se sech ab engem gewësse Moment quasi vum selwe schreiwen – wa sech dat archivéiert Material mat der Fantasie an Imaginatioun verbënnt. Wa Konkretes an Abstraktes, Fiktioun a Realitéit, eng ‘Alliance’ aginn.
Duerno koum de ‘Feinschliff’. Mir hu vill diskutéiert, Iddien ausgetosch, gelaacht a gesponnen. Wéi wir et, wann … Wat häls de vun dëser Iddi? … De Schluss klappt nach net sou ganz, well … Ech géif do méi Detailler erabréngen, soss … Dee Saz passt wéi d’Fauscht op d’A!
Et cetera.
D’Resultat dovun ass dëst Bichelchen, dat sech ka weise loossen. Ech si stolz ob dat, wat mir an esou enger kuerzer Zäit zesumme fäerdeg bruecht hunn.
Jérôme Netgen